CGFP  >  Audio news

Rentrée Sociale 2016

De 17. Oktober hat d’CGFP hir Rentrée Sociale. Ennert anerem wor et hei d’Conclusioun, datt sech déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land däitlech gebessert hätt, ee Grond also fir d’Regierung fir bei der Steierreform fir nach méi Gerechtegkeet ze suergen a bei de Gehälterverhandlungen op den ëffentlechen Déngscht duerzegoen. Donierft goung et och em d’Reform vun der Fleegeversécherung, de Congé Parental an déi geplangten Deelprivatiséierung bei der Flughafeverwaltung.

CGFP-Protestaktioun géint e weidere Sozialofbau am ëffentlechen Déngscht

Iwwer 1000 CGFP Membere koumen de 16. Juni am Parc Hotel zu Dummeldéng zesummen, fir sech géint de Sozialofbau am ëffentlechen Déngscht ze wieren. Et géing elo duergoen, d'Regierung kéint sech net andauernd iwwert Accorde mat der CGFP ewegsetzen an ëmmer weider sozial Acquis'e vun deenen déi beim Staat schaffen oofschafen. 

ALERF: D'Regierung ass gefuedert fir endlech konkret Pläng op den Dësch ze leeën!

De 26. Januar 2015, viru 16 Méint, gouf d'Konventioun iwwert d'Trennung vu Kierch a Staat ënnerschriwwen. An där Konventioun wor ënnert anerem festgehalen, datt d'Reliounscoursen an de Schoule géingen oofgeschaft gin. Déi Leit, déi dës Course gehalen hun, warden zanterhir op konkret Äntwerten, wat dann elo mat hinne soll geschéihen. D'Association luxembourgeoise d'enseignants d'éducation religieuse et morale dans l'enseignement fondamental (ALERF) huet dofir zesumme mat der CGFP an der AEE op eng Pressekonferenz invitéiert, fir hir Fuederungen ze présentéieren.

ADEM – Véier Joer no der Reform

D’ADEM huet 2012 eng nei Direktioun kritt, mat un der Spëtzt der Madame Isabelle Schlesser. Zesumme mat hiren 2 Directeurs adjoints huet si eng Reform an d’Weeër geleed, déi d’Aarbecht vun der Adem sollt vereinfachen a méi effizient maachen. No 4 Joer huet si am Interview mat fonction publique de Bilan gemaach.

ADEM – Véier Joer no der Reform

D’ADEM huet 2012 eng nei Direktioun kritt, mat un der Spëtzt der Madame Isabelle Schlesser. Zesumme mat hiren 2 Directeurs adjoints huet si eng Reform an d’Weeër geleed, déi d’Aarbecht vun der Adem sollt vereinfachen a méi effizient maachen. No 4 Joer huet si am Interview mat fonction publique de Bilan gemaach.

Steierreform: Gemeinsam Note vu CGFP an OGBL

Am Kader vun der Steierreform hu CGFP an OGBL eng gemeinsam Note ausgeschafft, an där d’Propose vun der Regierung genee analyséiert gëtt a Virschléi festgehale sin, duerch déi d’Haushalter mat klengem a mëttlerem Akommes nach méi kéinten entlaascht gin.

Reform vun de Familjeleeschtungen – Avis CHFEP

Am Kader vun der Reform vun de Familjeleeschtungen, de „prestations familiales“, huet d’Beruffschamber vum ëffentlechen Dénscht hiren Avis zum Gesetzesprojet vun der Regierung erausgin.

Steierreform

D’Haushalter entlaaschten an de sougenannte Mëttelstandsbockel aus der Steiertabell eraushuelen, dat woren d’Haaptfuerderunge vun der CGFP op enger Pressekonferenz iwwert d’Steierreform den 1. Februar 2016.

Neijooschdagspatt 2016

De 25. Januar huet d’CGFP op hire mëttlerweil schon traditionelle Neijooschdagspatt invitéiert. Hei wor et um CGFP-Präsident Emile Haag an um CGFP-Generalsekretär Romain Wolff fir de Réckbléck op d’lescht Joer an awer och en Ausbléck op d’Erausfuerderunge vun den nächste Méint ze maachen, mat ganz virop der Steierreform.

49. Conférence des Comités

Op der Conférence des Comités stoung, nierft Steierreform an Nationalitéitegesetz, dëst Joer ganz kloer d'Reform vum ëffentlechen Déngscht am Mëttelpunkt.

Rentrée sociale 2015

De 26. Oktober hat d'CGFP hir Rentrée sociale, bei där dëst Joer ënnert anerem d'Reform vum Nationalitéitegesetz am Mëttelpunkt stoung.

Manifestatioun Stop TTIP

Ronn 2000 Persounen haten den 10. Oktober de Wee op d'Clairefontainesplaatz fonnt, fir géint déi geplangte Fräihandelsaccorden TTIP, CETA an TiSA ze protestéieren. Déi europäesch Biergerinitiativ Stop TTIP hat am Kader vun enger europawäiter Aktioun dozou opgeruff, géint dës Oofkommes ze manifestéieren, déi eng grouss Gefor fir eis sozial Standard'en an Acquisen duerstellen.

Reform vum ëffentlechen Déngscht

Haut um 1. Oktober ass et souwäit, no joerelaange Verhandlungen trëtt d'Reform vum ëffentlechen Déngscht endlech a Kraaft. Dobäi gin et vill gutt Aspekter, ma et gin awer och nach eng Partie Kritikpunkten déi d'CGFP ganz genee am Ae behält, mengt de CGFP-Generalsekretär Romain Wolff am Interview mat "fonction publique".

Aus dem Comité fédéral vun der CGFP

Um Comité fédéral vun der CGFP um 7. Juli wor de Message ganz kloer: Weider Spuermesuren zu Laaschte vum ëffentlechen Déngscht wëllt een netméi a Kaf huelen. D’CGFP schléisst eng Protestaktioun am Hierscht net aus.

Den Accord salarial gëtt ëmgesat!

Um Dënschdeg, dem 24. März 2015, wor et endlech souwäit: D'Chamber huet gréng Luucht gin fir d'Emsetzung vun der Reform an der Fonction publique an dem Accord salarial. An dësem Oofkommes wor jo eng Punktwaerterhéijung vun 2,2 Prozent virgesinn sou wéi eng eemoleg Prime vun 0,9 Prozent, déi de Leit déi beim Staat schaffen an den nächste Méint soll ausbezuelt gin.

Konkret heescht dat: Enn Abrëll gëtt d'Punktwaerterhéijung vun 2,2 Prozent zesumme mat der Paye vum Mee, réckwierkend op den éischte Januar 2015, ausbezuelt. D'Prime unique gëtt iwwerdeems op der Period vu Juli 2013 bis Juni 2014 gerechent an Enn Mee, mat der Paye vum Juni 2015, ausbezuelt.

Lauschtert hei nacheemol den Audio vum Minister vun der Fonction publique Dan Kersch, bei sénger Interventioun an der Chamber.

Comité fédéral 27/02/2015

Eng éischte Kéier fir dëst Joer koum um 27. Februar de Comité fédéral vun der CGFP zesummen, fir déi net onwichteg Evenementer déi fir déi nächst Méint geplangt sin ze diskutéieren. Virop stin do natirlech d'Wahlen an der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, bei deenen Enn Maerz d'Staatsbeamten an -employeeën dozou opgeruff sin, fir hir Vertrieder fir déi nächst 5 Joer nei ze wielen 

Wahlen an der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics

Um Méindeg, dem 16. Februar, huet d’CGFP hir Lëschte mat de Kandidate fir d’Wahlen an der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics déposéiert. Wéi gewosst, si vum 20. bis 30. Maerz all d’Fonctionnairen an Employeeën opgeruff fir hir Vertrieder fir déi nächst fënnef Joër ze wielen; fir d’CGFP mat dat wichtegsten Evenement an hirer gewerkschaftlecher Arbecht.   

Accord mat der Regierung – Vote an der Conférence des Comités extraordinaire

An hirer Conférence des Comités extraordinaire hun d'Membergewerkschafte vun der CGFP an hire Kooperatiounspartner d'FGFC mat grousser Majoritéit den Accord ugeholl, deen d'Regierung zesumme mat de Sozialpartner a punkto Zukunftspak ausgehandelt hat.

Accord tëscht de Gewerkschaften an der Regierung

Nodeems déi dräi Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL mat enger gemeinsamer Mobiliséierungscampagne hir Onzefriddenheet iwwert de Mangel um richtege Sozialdialog an d'Zukunftspolitik vun der Regierung däitlech gemaach haten, koumen an der Woch vum 24. November déi 2 Säiten neess zesummen un een Dësch. En Interview mam CGFP-Generalsekretär Romain Wolff:

Conférence des Comités commune

Méi wéi 600 Membere vun der CGFP, dem OGBL an dem LCGB koumen um Donneschdeg, dem 20. November, fir eng Mobiliséierungscampagne zesummen. Mat dëser historescher Première wollten déi dräi national repräsentativ Gewerkschaften en Zeeche setzen, géint déi intransparent an deelweis onsozial Zukunftspolitik vun der Regierung.

Comité fédéral Zukunftspaak

Virun enger Woch huet de Staatsminister an der Chamber den "Zukunftspaak" vun der Regierung présentéiert. Andeems mir haut spueren, pardon, méi Recetten eran huelen, sollen déi nächst Generatiounen an dréchenen Dicher stoen. Och um soziale Niveau gesäit d'Regierung ronderëm de Premier Xavier Bettel eng Partie Changementer vir. Iwwert eng déifgräifend Steierreform wëllt een de Mëttelstandsbockel oofschafen an d'Familjepolitik gëtt reforméiert. D'TVAs-Erhéijung, d'Contributioun vun 0.5 % op all Revenu vun de personnes physiques an d'Ofschafe vum Trimestre de faveur goufen um Comité fédéral vun der CGFP allerdéngs zum Deel scharf kritiséiert.

Tripartite - Index

Um 11. Juli 2014 koum d'Regierung eng zweete Kéier mat de Sozialpartner beieneen fir iwwert d'Zukunft vum Index ze berooden. Zu engem Gesamtaccord koum et do zwar net, ma et ass een awer zefridden. De CGFP-Generalsekretär Romain Wolff am Interview mam Paule Rodesch.

Etat de la nation

An sénger éischter Ried zur Lag vun der Natioun ass de Premier Xavier Bettel op déi geplangte Spuermesuren vun der Regierung agaangen an huet eenzel Fuederungen vun der CGFP confirméiert. Entäuscht weist sech de CGFP-Generalsekretär allerdéngs iwwert d’Aussoen vum Staatsminister iwwert d’Indexmanipulatiounsgesetz.

Ouverture vum neie Verwaltungsgebai

Am Kader vun der Ouverture vun deene neie Raimlechkeete vun der CGFP op der Lonkescher Strooss zu Märel den 31. Januar, ass de Generalsekretär Romain Wolff ënnert aanerem op den Avis vum Staatsrot zu der Reform an der Fonction Publique an op de Budgetsprojet vun där neier Regierung agaangen.

Renouvellement des mandats 2013

3 Joer si schonn nees vergaangen zanter de Comité exécutif vun der CGFP erneiert gouf. Um Freideg Moien wor et nees eng Kéier um Comité fédéral fir hannert zouenen Dieren de President, de Generalsekretär an hir Matstreider ze wielen, déi während där nächster Mandatsperiod mat der Regierung verhandelen.

Conférence des comités 2013

No engem turbulente politesche Joer koum d'CGFP um Méindegowend fir hir traditionell Conférence des Comités beieneen. Op en Neits geet dëse Freideg d'Mandatsperiod vum Comité exécutif op en Enn, dofir wor et dann och de Moment fir e Réckbléck op déi lescht 3 Joer ze maachen, virun allem awer och fir den Ausbléck an d'Zukunft ze maachen, mat enger neier Regierung als Verhandlungspartner.

Reportage Königswinter

Dëst Joer huet d'CGFP op en Neits eng Formatioun an där klenger Stiedchen am Siebengebirge organiséiert. 15 Memberen vun der CGFP a vu verschidden Memberorganisatiounen hun Enn Oktober um Seminär „Motivationsmanagement - Triebfeder zum Erfolg" deelgeholl. Formatrice wor déi diploméiert Geschäftsfra a selbstänneg Conseillère fir Entreprisen, Ricarda König vu Berlin.

Téléchargements

Rentrée Sociale 2013

Op der Rentrée Sociale goung de Generalsekretär Romain Wolff op d'Äntwerten vun de Parteien op de Froekatalog an, deen d'CGFP virun de Wahlen opgestallt haat. Besonnesch d'Auslännerwahlrecht an de gedeckelten Index si kriddlech Sujeten, iwwert déi an Zukunft nach vill misst diskutéiert gin.

Téléchargements

Wahlprüfsteine Antworten

An där leschter Editioun vun der fonction publique, verëffentlecht d'CGFP neess hir traditionell „Wahlprüfsteine" an deenen d'Parteien kuerz virun de Wahlen nacheemol mussen Ried an Äntwert stoen.

Téléchargements

Les cookies assurent le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l'utilisation des cookies. OK En savoir plus