Skip to main content

ACTUALITÉS

CGFP-President Romain Wolff: "Dat hei war eng richteg Tripartite"

23.03.2022



D’Tripartite-Verhandlungen sinn haut an engem konstruktive Klima verlaf. Déi dräi national representative Gewerkschaften, dorënner d’CGFP, hu sech fir d’Interessien vun hire Memberen agesat: Den Indexmechanismus soll net méi a Fro gestallt ginn. D’Abrëll-Tranche soll termäingerecht ausbezuelt ginn. Sollt 2022 eng weider zousätzlech Tranche erfalen, géif déi op Abrëll d’nächst Joer ausgesat ginn. Dobäi sollen awer entspriechend Kompensatiounen bis op e gewëssene niveau de revenu gräifen. Éier de Package ka ficeléiert ginn, mussen awer nach an den nächsten Deeg Berechnungen gemaach ginn. Den 31. Mäerz kommen d’Regierung an d’Sozialpartner fir eng weider Tripartite-Réunioun beieneen.

 „Dat hei war eng richteg Tripartite“, sot de CGFP-President Romain Wolff no der zweeter Verhandlungsronn. Et wier een net ëmmer enger Meenung gewiescht, mee dat géif dozou gehéieren. Den Accord stéing nach net. D’nächst Woch géifen d’Sozialpartner an d’Regierung nees beienee kommen.