ACTUALITÉS

Impfflicht: "Näischt iwwert de Knéi briechen"

13.01.2022



De CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger war dësen Donneschdeg um Radio Invité vun der RTL-Redaktioun. Nieft dem Aféiere vum obligatoreschen 3G op der Aarbechtsplaz goung et och ëm eng méiglech Impfflicht zu Lëtzebuerg. An deem Kontext huet de Steve Heiliger betount, datt „näischt iwwert de Knéi“ dierft gebrach ginn. Bei dësem ganz komplexen Dossier bléiwen nach ganz vill Froen ze klären. Eng Impfflicht géif sécherlech Fräiheeten aschränken an dofir wier eng breet Diskussioun néideg. De Prinzip vun der Impfflicht an d’Ëmsetzung dovunner wieren zweeërlee.

Wann d’Regierung d’Impfflicht an d’Diskussioun bréngt, da misst se och e kloert Konzept iwwert d’Ëmsetzung liwweren, sot de CGFP-Generalsekretär. An den Aen vun der CGFP dierft esou eng Impfflicht op kee Fall a Kontradiktioun stoen mam Accord vum 3G op der Aarbecht, deen d’Sozialpartner mat der Regierung getraff hunn: Eng eventuell Impfflicht dierft weder zu engem Aarbechtsplazverloscht nach zu disziplinaresche Moossnamen féieren.

Beim 3G an der Beruffswelt wier nach ëmmer net gekläert, wéi z.B. Leit, déi op Schichte schaffen a sech wëllen teste loossen, Méindes Moies en zertifiéierte Schnelltest kéinten maachen, esou nach de Steve Heiliger. Vun der Regierung géif ee sech eng Äntwert dozou erwaarden. Ënnert dësem Link kënnt Dir den Interview a senger voller Längt nokucken: https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/n/1846094

 

 

MEMBRES

Utilisez notre formulaire dédié pour nous indiquer vos nouvelles coordonnées

CGFP-Administration
Informations syndicales
Consultations et assistance juridique
Prestations syndicales

488, route de Longwy (1er étage)
L-1940 Luxembourg

Tél.: 26 48 27 27
Fax : 26 48 29 29
E-mail: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Relations publiques et service de presse
Rédaction "fonction publique"
Webmaster cgfp.lu

488, route de Longwy (1er étage)
L-1940 Luxembourg

Tél.: 26 48 27 27- 1
Fax: 26 48 27 27- 40
E-mail: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

CGFP-Services asbl

 

B.P. 210
L-2012 Luxembourg

Tél.: 47 36 51
Fax : 46 53 62
E-mail: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Copyright © CGFP - Aspects légaux

Design by Molotov Design